RTL Kultur Podcast Interview

PODPURRI - MIR SCHWÄTZE KULTUR

De Filmkënschtler Émile V. Schlesser

Vum Claudia Kollwelter

Klick fir ze lauschteren!

PodPurri - mir schwätze Kultur heescht eng Emissioun, bei där mir eis all Woch vum Invité.e op déi Plaz invitéiere loossen, wou hien eis ëmfänke wëll.

D'Passioun fir de Film hat hie scho vu klengem un, mee och Konscht a Molerei spillen eng wichteg Roll a sengem Liewen. "Kowalsky" heescht de neie Kuerzfilm vum Émile Schlesser, deen aktuell awer och un long métrage schafft. Donieft huet de Filmkënschtler mam Claudia Kollwelter iwwert säin Nomadeliewen tëscht Düsseldorf a Lëtzebuerg geschwat, e grousse Projet am Kader vun Esch2022 an erkläert wat et bedeit Synästhetiker ze sinn.

Podpurri - mir schwätze Kultur, dat ass 3 Mol d'Woch um Radio, op RTL.lu, op RTL Play an als Podcast op Spotify an iTunes.

RTL Podcasts abonnéieren